NOJU.LU
  • Home
  • Jobs
    • 1 Erzéier C4
    • Technik & Logistik
    • Administratioun & Komm.
  • Servicer
    • Regio. Jugendservice
    • Jugendhaiser
    • Jugendwunnen
    • Jugendinfopunkt
    • Outreach
    • Incubator
  • Iwwert eis
    • Historik
    • Membergemengen
  • Projeten
    • Teenage Dream
    • Kachconcours
    • Japan callin'
    • Summerkolonien >
      • Istanbul
    • An dénger Gemeng >
      • Place for You(th) Waldbelleg
      • Summeraktivitéiten DK
      • Noumer >
        • Aktivitéiten Noumer
        • A Place for Youth Noumer
      • Graffiti @ Schieren
      • A Place for Youth Bettenduerf
    • Formation Brevet A
    • Meet & Eat
    • Erasmus+ >
      • Healthy Potter
      • Outdoor +
    • YOA
    • Youth Queer Treff
    • Noju@School
    • Babysitting
    • Féier eng op
    • Proufsall
  • Team
  • Kontakt
  • Medien
  • Agenda
  • Declarations

Teenage Dream, Freides, den 22. Mee 2026 
- eis Jugendparty fir Jonker tëscht 11 a 15 Joer 

D'Teenage Dream ass eis Jugendparty, déi op der Idee vun engem "ancien" Jugendleche baséiert, an am Joer 2011 an d'Liewe geruff gouf.  

Fäi nom Motto:
  •  100% Spaass
  •  100% Informatioun
  •  100% Partystëmmung
  •       0% Alkohol.

Wichtegsten Aspekt fir eis ass et, dass eis Soirée dem Alter ugepasst ass, a fir all Jonken eppes mat dobai ass.

An Zesummenaarbecht mat eise Partner;  dem Kanner a Jugendtelefon, dem Péitrusshaus, dem Hariko, der Associatioun "prévention dépression", dem Planning Familial, der PINS asbl, Bee Secure, dem Zentrum fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht, dem Jugendinfopunkt Ettelbréck an Eldoradio fënnt vun 18.00 - 20.00 eng Info-Foire statt; mat Info-Stänn, Spiller, Workshops a villem méi.
 
Vun 20.00 - 23.00 heesscht et Party-Vibes mat "live DJ"


Punkt 23.00 maachen eis Diiren nees zou.


E puer praktesch Infoen:

- eisen Event ass wirklech just fir Jonker am Alter vun 11-15 Joer, dofir kontrolléiere mir den Alter an der Entrée (Kopie/Foto vun der Carte d'Identité, oder Schülerkaart mat Foto). Mir sinn hei ganz strikt, een Daag ze al oder ze jonk, dierf net ran,... och wann ee keen Dokument dobai huet, kënt een net ran.

- Jonker déi virun 19.30 an der Seeërei sinn, hu gratis Entrée ab 19.30 kascht den Entrée 5€
 
- Erwuessener dierfen net mat ran

- Alkohol, Messeren oder änleches ass net erlabt, och hei gi Kontrolle gemaach
 
- Et ass net erlabt d'Teenage Dream ze verlossen, Jonker déi vum Site ginn, kréien hiirt Entrée-Bändchen duerchgeschnidden a mussen herno nees Entrée bezuelen.

- Jonker, déi de Site verloosse, stinn net méi ënnert der Responsabilitéit vun der Nordstadjugend

- Mir wëllen, dass eisen Event e sécheren Event fir Jonker ass a bleiwt, dofir sinn eis Reegele strikt. 

Picture
Kuck och hei eis Fotoë vun de Jore virdrun an eise Foto-Gallerien...
​

Picture
Impressum
  • Home
  • Jobs
    • 1 Erzéier C4
    • Technik & Logistik
    • Administratioun & Komm.
  • Servicer
    • Regio. Jugendservice
    • Jugendhaiser
    • Jugendwunnen
    • Jugendinfopunkt
    • Outreach
    • Incubator
  • Iwwert eis
    • Historik
    • Membergemengen
  • Projeten
    • Teenage Dream
    • Kachconcours
    • Japan callin'
    • Summerkolonien >
      • Istanbul
    • An dénger Gemeng >
      • Place for You(th) Waldbelleg
      • Summeraktivitéiten DK
      • Noumer >
        • Aktivitéiten Noumer
        • A Place for Youth Noumer
      • Graffiti @ Schieren
      • A Place for Youth Bettenduerf
    • Formation Brevet A
    • Meet & Eat
    • Erasmus+ >
      • Healthy Potter
      • Outdoor +
    • YOA
    • Youth Queer Treff
    • Noju@School
    • Babysitting
    • Féier eng op
    • Proufsall
  • Team
  • Kontakt
  • Medien
  • Agenda
  • Declarations