Regionale Jugendservice
Zanter 2007 leescht d’Nordstadjugend op regionalem Niveau Jugendaarbecht. Säit deem hunn sech ëmmer rëm Gemengen der Nordstadjugend ugeschloss an och eis Offeren hunn sech reegelméisseg de Bedürfnisser vun de Jonken ugepasst ginn.
Aktuell betreit d’NoJu 14 Gemengen. Nieft de Gemengen Dikrich an Ettelbréck, wou och eis zwee Jugendhaiser ze fanne sinn, gehéiere Schieren, Colmer-Bierg, Feelen, Mäerzeg, Beefort, Bettenduerf, Ierpeldeng a Buurschent zu eise Membersgemengen. 2022 sinn Noumer an Aerenzdall an 2024 Reisduerf a Waldbëlleg bäigetrueden.
D’Zil vum regionale Jugendservice ass et virun allem déi Jonk am Alter vun 11 bis 26 Joer aus eise Partnergemengen ze erreechen, déi keent vun eise Jugendhaiser opsichen. Den Noju@School ass just ee vun eise ville Projeten, hei bidde mir dem Schoulpersonal vum Cycle 4.2 (méi Infoen hei) verschidde Workshops un. Beim Meet and Eat (méi Infoen hei) invitéiere mir déi Jonk aus de jeeweilege Gemengen op ee klengt Iessen an zesumme mat hinne schaffe mir Projeten an Aktivitéiten aus, aus deenen sech da wieder Projeten, wéi zum Beispill ee Graffiti, kënnen entwéckelen.
Och op internationalem Niveau hu mir puer flott Offere fir déi Jonk an hirer Entwécklung ze begleeden, si ze stäerken an hinnen eng flott an erlierfnëssräich Zäit ze bidden. Hei hu mir eis zwee Erasmus + Projeten(méi Infoen hei) den Outdoor + an den Healthy Potter.