Meet an Eat
Beim Projet “Meet and Eat” invitéiere mir déi Jonk aus deene verschiddene Gemengen op ee klengt Iessen an enger entspaanter Ambiance. Sou wëlle mir déi Jonk kenne léieren an zesumme mat hinne kucke wat hir Wënsch, Iddien an Bedierfnisser par rapport zu hirer Gemeng sinn. Dorauser kënne sech da ganz verschidde kleng oder gréisser Projeten an Aktivitéiten entwéckelen. Sou entstinn zum Beispill Aktivitéiten wéi een Ausfluch an den Trampolin Park, iwwert ee Graffiti Projet bis hin zu engem Mountainbike Camp.
Op reegelméisseger Basis bidde mir de „Meet and Eat“ an eise Gemengen un.
Kuck an eisem Agenda, fir di aktuell Date gewuer ze ginn.