Ludobus
De Ludobus ass e Projet vun der Nordstadjugend a.s.b.l. , déi säit 2007 oppe Jugendaarbecht op regionalem Niveau leescht. Säit 2018 gëtt zousätzlech mam Ludobus an de Nordstadjugend Gemengen mobill Jugendaarbecht geleescht. De Ludobus ass ee sougenanntent Spillmobil, dat mat Gesellschafts- an Outdoorspiller, souwéi mat Zirkus- a Sportsmaterial vollgepaakt ass.
Zesumme mat der pädagogescher Ekipp vun der Nordstadjugend kënnen hei Jonker tëscht 11 a 26 Joer ee flotte Nomëtte verbréngen.
De Ludobus iwerhëllt souzesoen dʼRoll vun engem mobillen Treffpunkt, ee mobillt „Jugendhaus“, fir Jonker, wou nei Spillraim geschafe ginn an och dʻKreativitéit, dat Gesellschaftlecht, souwéi dʼBeweegung gefuerdert ginn.
DʻPersonal, dat bei der Nordstadjugend schafft huet eng unerkannte pädagogesch Ausbildung. Eis Roll ass et, dem Jonken zur Säit ze stoen an em allgemeng Ennerstetzung ze leeschten. An der oppener Jugendaarbecht ginn de Jonken „Fräi-Raim“ zur Verfügung gestallt, déi sie fräiwëlleg notzen kënnen a wou si sech mat anere Jonken kënnen treffen an austauschen. All Jonken ass bei der Nordstadjugend Wëllkomm. De Ludobus hält an den eenzele Gemengen op verschidde Plaze, wou Jonker sech ophalen an treffen.
Mam Ludobus geet dʼNordstadjugend aus hire Strukturen eraus an bitt Fräizäitgestaltung fir déi Jonk an de Gemengen un. Op déi Art a Weis wëlle mir och de Kontakt mat deene Jonken opbauen an hinne bei Bedarf eng pädagogesch Begleedung ubidden.