Noju@School
Eent vun den Haaptziler vun der Nordstadjugend asbl ass et, déi Jonk am Alter vun 11 bis 26 Joer op hirem Wee zum Erwuesse ginn ze stäerken an ze begleeden. Dëst geschitt duerch ganz verschidde kleng a grouss Aktivitéiten a Projeten um lokalen, regionale bis hin zum nationalen an europäeschen Niveau.
Ee weidert Zil vun eis ass, d’Zesummenaarbecht tëschent der formaler an der non-formaler Bildung ze stäerken, esou dass ee Mehrwert fir d’Schüler/innen entsteet. An dësem Sënn hu mir de Projet „Noju@School“, dee momentan a senger 2. Editioun leeft. Duerch dëse Projet soll geziilt de Kontakt mat deene Jonke gesicht ginn. Sou erméigleche mir deene Jonken, d’Nordstadjugend, d’Personal an eis Missioun an engem flotte Kader kennen ze léieren.
Zil vum Projet ass et, eng Interventioun pro Semester, respektiv 2 pro Schouljoer an den Klassen vum Cycle 4.2 vun eise Membersgemengen ze realiséieren. Fir dës Interventiounen hu mir dräi verschidde Workshops, déi mir dem Schoulpersonal kënnen ubidden. D’Schoulpersonal kann deementspriechend fräi wielen, wéi ee Workshop dee Moment am beschten zum Contenu vum Cours oder dem Befanne vun de Schüler passt. Donieft ass och eng Presenz vun der Nordstadjugend um Schoulfest an eng Visitt vun eise Jugendhaiser méiglech.