Outdoor +
Outdoor plus – a never ending activity. E Jugendaustausch mat Jonken tëscht 15 an 18 Joer aus 5 europäesche Länner. Gegrënnt an organiséiert vun der Nordstadjugend asbl, fënnt dësen Austausch ëmmer Enn Juli wärend 10 Deeg statt.
Dobäi schaffe mir mat 4 Partnerorganisatiounen aus Spuenien, Rumänien, Finnland a Liechtenstein/Éisträich zesummen. All Joer hunn also 5 Jugendlecher aus Lëtzebuerg d’Chance, hei matzemaachen a nei sozial, sportlech a kulturell Erfarungen a Kompetenzen ze sammelen. Am Virdergrond stinn Outdoor-Aktivitéiten, vun Héichseelgaart, Mountainbike, Stand-Up-Paddling, Beach-Volleyball bis hin zu Outdoor-Cooking ass alles dobäi. Hei kritt een d'Méiglechkeet, nei Erausfuerderungen ze bezwéngen an iwwert sech erauszewuessen. Zousätzlech fannen interkulturell Workshops an Atelieren statt. Wéini d‘Umeldunge fir d’nächst Joer opginn, gitt dir ë.a. hei gewuer. |
Outdoor+ is a youth exchange with 25 young people aged 15–18 from Luxembourg, Austria/Liechtenstein, Spain, Romania and Finland. Its main elements are outdoor activities such as mountain-biking, high rope garden, swimming, stand-up-paddling, hiking and much more. Furthermore, the program consists of cultural evenings, topic related workshops and excursions. It gives youngsters the chance to experience new adventures and to grow out of their comfort zone by getting out of their usual routine and overcoming challenges. The youth exchange takes place each year in July for ten days.
|
|