Outreach
OUTREACH?
Wann een „out“ aus dem Engleschen iwwersetzt, heescht dat „dobaussen“ an „reach“ heescht naischt aneres wéi „erreechen“, a genee dat resuméiert den Inhalt vun eiser Aarbecht. An éischter Linn geet et dorëms, rauszegoen – an d’Stroossen- an dee Jonken ze treffen an ze erreechen.
"Den Outreacher bitt seng Hand, hien waert net drop, dass dee Jonken den éischte Schrëtt mécht.“
Fir wien ?
Fir Jonker tëscht 12 a 30 Joer:
Onreegelméissege Kontakt fir sech z’informéieren, sech ze entspaanen, oder fir en individuelle Suivi.
"Mir gleewen net u viirgefäerdegt Léisungen.“
Fir all déi, déi sech fir Jonker an d’Wuelbefanne vu Jonken interesséieren:
Am Interessi vum Jonken ass et néideg ze kommunizéieren an di ennerschiddlechsten Aktiounen a Mesüren ze koordinéieren.
“D’Netzwierkaarbecht ass fir eise Service Outreach net wegzedenken”
Wat ?
Eis Propose fir de Jonken :
- gehéiert, ënnerstëtzt a begleet ze ginn
- léieren sech selwer ze respektéieren a sech ze behapten
- Vertrauen a sech selwer an an anerer zréckzefannen
- all Méiglechkeeten a Perspektiven ze entdecken.
- seng Plaz ze fannen
- sech nei ze motivéieren
- verstoen, selwer ze decidéieren an ze agéieren
„De Jonken ass net just e Schüler, Aarbechter oder en Neet,… vrun allem ass dee Jonken Mënsch, deen et gëllt a sengem Ganzen unzeerkennen a seriö ze huelen“
Eist Engagement
En Outreacher, ass vrun allem e Jugendaarbechter, deen oppen ass an net bewäert. En ass respektvoll a weist sech transparent an éierlech vis à vis vum Jonken.
„Ouni des Prinzipien, ass eng professionnel Vertrauensbasis an eng Kollaboratioun mam Jonken net méiglech.“
Wéi ? - 2 grondsätzlech Prinzipien
„D’Verännerung gëtt zesumme geliewt. Den Outreacher gleewt esou laang un dee Jonken, bis dëse kapabel ass, fir nees selwer u sech a seng Zukunft ze gleewen.“

- De Jonken ass ëmmer „mat-aktiv“, suguer wann dës Aktivitéit minimal ass an hien zBsp wärend enger Demarche „just“ dobäi ass. Dës Viraussetzung entsprécht 2 vun de Grondprinzipien vun der Aarbecht vum Outreacher; naemlech deem vun der Fräiwellëgkeet an deem vun der Nidregschwellegkeet.
- de Jonke muss d’Ännerung net héieren, mee e muss se spieren a liewen. Dëst heescht, dass net just iwwer Ännerunge geschwaert gëtt, mee dass konkret Aktiounen a Mesüre geplangt ginn, fir sou Erfollegserliewnësser a positiv Erfarungen ze kreeéieren.
„D’Verännerung gëtt zesumme geliewt. Den Outreacher gleewt esou laang un dee Jonken, bis dëse kapabel ass, fir nees selwer u sech a seng Zukunft ze gleewen.“
Outreach
26, rue Prince Henri
L-9047 Ettelbruck
+352 80 91 65 -31
[email protected]
Ëffnungszäiten
Mé 07.00 - 15.00
Dë 08.00 - 18.00
Më 09.00 - 18.00
Do 09.00 - 18.00
Fr 07.80 - 18.00
an op Rendez-vous
26, rue Prince Henri
L-9047 Ettelbruck
+352 80 91 65 -31
[email protected]
Ëffnungszäiten
Mé 07.00 - 15.00
Dë 08.00 - 18.00
Më 09.00 - 18.00
Do 09.00 - 18.00
Fr 07.80 - 18.00
an op Rendez-vous