D’Nordstadjugend a.s.b.l. stellt an:
1 Sozialpädagog C6 oder 1 Erzéier C4 (m/w/d) 40 St/W CDD fir de regionale Jugendservice an d’Dikricher Jugendhaus
Vum 01.07.2024 bis den 31.12.2024 mat Aussiicht op Verlängerung CDI
Är Aufgaben:
- Opsichend Jugendaarbecht
- Kontaktopnam mat Jonken, Gemengen an involvéierte Partner, souwuel regional, national wéi och international
- Ausschaffen, Organisatioun an Encadrement vu Projeten, Aktivitéiten a Workshops
- Administrativ Ufuerderungen meeschteren (E-Mailen, Rapporten, Konzepter etc.)
- Uleedung vun Animateuren
- Identifizéiere vun de Bedürfnisser vun de Jonken
- Jonker stäerken a si an hirer Entwécklung begleeden
- Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung am sozio-edukative Beräich als C6 oder C4
- Gutt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Kenntnisser a Sprooch a Schrëft
- Flexibel Aarbechtszäiten
- Kreativ, innovativ, pro-aktiv
- Autonom an am Team schaffen
- Gudden Ëmgang mat Jonken
- Verständnis fir d’Realitéit vun de Jonken
- E Sënn fir Struktur, Organisatioun, Improvisatioun an Zäitmanagement
- Vertrieder vun de Jonken hire Bedierfnisser op politeschem a gesellschaftleche Niveau
- Dir hutt de Führerschäin vun der Kategorie B mat manueller Schaltung
- Dës Plaz gesäit ee 35 bis 40 St/W. Aarbechtskontrakt vir
- De Kontrakt ass op begrenzten Zäit vum 01.07.2024 – 31.12.2024, mat Aussiicht op eng evtl. Verlängerung
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Eng éischt Wiel gëtt op Basis vun den Dossiere gemaach.