Schieren
Ufank 2022 krut d’Nordstadjugend vun der Schierener Gemeng den Optrag, de Preau vun der Primärschoul mat Graffiti ze verschéineren. Dëse besteet aus dräi Maueren, sou dass mir dräi verschiddenen Aktivitéiten doraus gemaach hunn. Déi riets Säit vum Preau gouf am Juni 2022 mat de Schüler a Schülerinne vum deemolege Cycle 4.2. besprayt. Fir den zweeten Atelier, wou déi grouss Mauer an der Mëtt besprayt gouf, war all Jonken aus der Gemeng invitéiert. Dëst huet am September 2022 stattfonnt a gouf zesumme mam Club des Jeunes Schieren organiséiert. Déi drëtt Mauer gouf am November 2022 vum aktuelle Cycle 4.2. iwwerholl. Déi Jonk goufen all Kéiers vun engem professionelle Graffiti-Kënschtler ënnerstëtzt. Wat, wéi a wou gesprayt gouf, war hinne ganz iwwerlooss.
Vun Oktober bis Dezember 2022 huet d’Nordstadjugend zu Schiere e Kachatelier ugebueden. Dëse huet sech u Jonker tëscht 11 a 26 Joer geriicht an huet reegelméisseg, am 2-Woche-Rhythmus, am Alen Atelier stattfonnt. Zesumme mam edukative Personal vun der Nordstadjugend gouf zesumme gekacht a giess. Dobäi stoung Spaass, Gesellegkeet a Sozialisatioun am Vierdergrond. All Kéiers hunn 5-10 Jonker de Kachatelier besicht. Mat dësem Grupp maache mir och weiderhin nach Aktivitéiten. Ufank Februar ware mir z.B. zesummen an den Trampolin-Park a Mëtt Mäerz ware mir Schlittschongfueren.
Nieft eisen zwou Aktivitéiten am Cycle 4.2. am Kader vum „noju@school“ wäert d’Nordstadjugend och um Schoulsportsdag am Mee present sinn.