A Place for You(th). Eng Plaz fir dech
D’Gemeng Ärenzdall baut e neie Park zu Miedernach.
E Park fir dech, deng Kolleegen an all Bierger vun der Gemeng. An du solls dee Park matgestalten.
Fir dir ze hëllefen deng Iddien fir de Park ze formuléieren an auszeschaffen, invitéiert d‘Nordstadjugend dech op ee gemittleche Grill- a Chillnomëtteg.
Nieft e puer Spiller an enger flotter Ambiance, schwätze mir iwwert deng Wënsch, wat ass een No-Go a wat muss de Park onbedéngt bidden. Mir sammelen zesummen Iddien a lauschteren eis deng Virstellungen un. Natierlech gëtt et och eppes ze drénken an z’iessen.
„MEET & EAT“:
· Freiden, den 9.9 vu 15.00 bis 19.00 am Centre Culturel zu Eppelduerf
· Samschden, den 10.9 vu 15.00 bis 19.00 am Centre Culturel zu Eppelduerf
Du hues scho puer Iddien am Kapp, dann dierfs du op eisem "Meet & Eat" net feelen.
Komm laanscht a bréng deng Kolleegen aus der Gemeng mat.
Déi Iddien, déi mir op deenen zwee Deeg ausgeschafft hunn, stelle mir Méindes, den 12.09 der Gemeng vir. Do virdrun treffe mir eis a stäerken eis mat enger Klengegkeet vum Grill.
Méindes, den 12.09:
o 18:30 - 20.00: Grill &Chill
o ab 20.00: Austausch mat der Ärenzdallgemeng
Mir freeën eis op däin Input.