Mäerzeg
Am Abrëll 2022 hat d’Maison Relais e „perfekte Nomëtteg“ am Dikricher Jugendhaus, wou si Pulloveren selwer bedréckt an duerno dobausse gegrillt hunn. Am Mee huet den Televie zu Mäerzeg stattfonnt, wou mir mat eisem Ludobus present waren, wouvun ca. 25 Jonker profitéiert hunn. Am Juni hate mir eng flott Zesummenaarbecht mam Internat Sainte-Marie zu Mäerzeg, wou mir och déi Jonk mam Ludobus animéiert hunn.