Kachconcours
FAQ.
1. Wei ass daat ze verstoeen: 2 einfache Gemüsesorten oder mehrere gemischte Gemüsesorten. Kennen mir do einfach eng Gemüsepfanne maachen? Hun mir dann dei Kritäire erfellt.
- Eng Geméispan wier hei natierlech di einfachste Variant. Et kann een awer och e Ratatouille man, oder einfach 2 Gemeiszorte grillen,... et ginn hei vill Méiglechkeeten. Mee JO mat enger Geméispan wier natierlech de Citère erfëllt.
2. Moien, Ech hunn eng kleng froo, hätten mir eventuel Hunneg an der Kichen?
- Hunnech wäerte mir ganz sécher an der Kichen hunn dat ass kee Problem.
3. Bei der Entrée steet "panéiert a gebroden". Dierf een dat dann och evt frittéieren?
- Natierlech dierf een och fritéieren. E klengen Tipp: et soll Richtung "Fischstäbche" goen ;)
4. „Keinten mir den Fesch och püreiren? An hunn sie an der Kichen och Gelatin well sie och Patisserie do niewend hunn?“
- Also wa sie de Fësch puréieren an dono dann nees panéieren a frittéieren,…. dierft dat ok sinn, mee et soll wirklech richtung Fischstäbche goen 😉 Gelatinn ass kee Problem, ech mengen an der Hotelschoul, ass relativ alles wat ee sech wënsche kann 😉
Mir si frou Iech all dierfen op eng weider Editioun vun eisem Kachconcours ze invitéieren.
Et ass dëst Joer schonns di 25. Editioun, déi stattfënnt. Och dëst Joer gëtt et nees eng Halloween Editioun vun eisem Event an zwar den 29. Oktober 2022 an de Lokaler vun der Dikricher Hotelschoul. Et ass dëst en eemolege Kader fir an enger professioneller Kichen an ënner professioneller Begleedung ze kachen.
Natierlech wärte mir all sanitär Mesüren respektéieren, an dofir suerfen, dass och dës Editioun zu engem grousse Succès gëtt.:
- Rezepter nokachen
- en eegene Menü op d'Bee stellen
- ënnert professioneller Leedung kachen
- mat senge Kolleegen zesummeschaffen
- ...
an einfach e flotten Dag zesumme verbréngen, dat ass alles dat wat de Kachconcours duerstellt.
Eng Equipe besteet aus minimum 2 an maximum 3 Jonken am Alter tëscht 12 a 26 Joer. Ob Jugendhaus oder Kolleegen, all Konstellatioun ass wëllkomm.
De geneeën Oflaf an d'Detailer kommen nach no :)