Aktuell Froen zum Kachconcours
1. Mir hunn am Jugendhaus eist Proufkachen elo duerch an hunn puer Ufroen vun den Jonk ☺️
Si wollten froen ob folgend Wueren méiglech sinn ze kréien :
Dës weideren koum d‘Fro op, ob si eng Glacemaschinn dierfen matbréngen.: och dat ass ok
Si wollten froen ob folgend Wueren méiglech sinn ze kréien :
- Brombieren: dat ass net méiglech, well mir eis hei un di saisonal Produiten halen. Äppel, Biiren a Madarinnen sinn awer kee Problem
- Pinienkäeren: ok
- Parmesan: ok
- Drauwenjus: ok
- Olivenueleg: ok
- Vanilleschote: jein, vu dass Schoten deier sinn, setze mir hei op Vanill-Polver
- Glucose Syrup: ok
Dës weideren koum d‘Fro op, ob si eng Glacemaschinn dierfen matbréngen.: och dat ass ok
Praktesch Informatiounen
Mir fänke mam Zäitplang un:
14.00 - 14.30 Accueil vun den Ekippen
14.30 E puer Wuert, Erkläre vun de Reegelen, Verdeelen an d’Kichen
15.00 Start vum Kachconcours
18.30 Zerwéiere vun der Entrée
19.00 Zerwéiere vum Haaptplat
20.00 Zerwéiere vum Dessert
20.45 Präisiwwerreechung
21.00 Enn vum Kachconcours
D’Thema vum Kachconcours ass dëst Joer „lëtzebuergesch Kachen“
Als Entrée gëtt et, wéi all Joer, e Rezept fir nozekachen. Dat gëtt also eng Iwwerraschung fir den Dag selwer. Natierlech dierft dir scho bessi ronderem kucke goe, wat et u lëtzebuergeschen Entréeën sou gëtt.
Den Haaptplat ass, wéi kéint et anescht sinn, e Kniddels-Plat; Kniddelen an 2 verschiddene Faarwen, mat 2 verschiddene Zoosen an natierlech Äppelkompott. Wat als Liewensmëttel zur
Verfügung steet, fann dir an eiser Lëscht.
Den Dessert ass op Basis vu lëtzebuergescher Quetschen. Hei dierf dir ärer Fantasie fräie Laf loossen. D’Liewensmëttel déi zur Verfügung stinn, fann dir och an eiser Lëscht mam Wuerekuerf. Dat ka vun enger Quetschentaart bis hin zu enger Quetsche-Mousse goen, villes ass méiglech.
Wann dir elo nach eng Mega-Idee hätt, an dir eppes braucht wat net op eiser Lëscht steet, froot eis. Mir kucken da mat de Käch op dat machbar ass, fir dat nach op d’Lëscht bäizesetzen.
Wichteg:
Dir kacht jeeweils fir 4 Leit:
* Bewäertungskriterien sinn:
Matbrénge muss all Ekipp seng eege Messere fir an der Kichen ze schaffen. (Soll dir mam Transport Public kommen, kontaktéiert eis wegl. Mir wëlle jo net, dass et zu problematesche Situatioune kënnt.)
E Schiertech an eng Toque kritt dir den Dag selwer vun eis.

- 1 Plat ass fir d’Jury, déi de Plat bewäert. Dëse Plat soll deemno flott a propper presentéiert sinn.*
- 3 Platen si fir iech selwer, respektiv fir déi Leit déi nach ronderëm sinn. (Wann den Haptplat der Jury presentéiert gouf, hu dir nämlech kuerz Zäit fir selwer eppes z’iessen)
* Bewäertungskriterien sinn:
- Timing: de Plat muss pünktlech bei der Jury sinn. Net ze fréi, soss ass e vläit kal awer och net ze spéit, soss musse si drop waarden.
- Kreativitéit: wéi hutt dir d’Liewensmëttel verschafft? Hutt dir iech eng afale gelooss?
- Presentatioun: ass dat wat um Teller ass flott presentéiert, uspriechend a mécht Loscht et z’iessen?
- Goût: dat wichtegst ass natierlech, ob de Plat schmaacht, net iwwerwierzt, net ze wéineg gesalzt,… halt ebe richteg gutt.
- An der Kiche gëtt bewäert, ob dir propper schafft, ob dir är Aarbechtsfläch ëmmer propper hutt an ob dir an der Ekipp gutt zesummeschafft.
Matbrénge muss all Ekipp seng eege Messere fir an der Kichen ze schaffen. (Soll dir mam Transport Public kommen, kontaktéiert eis wegl. Mir wëlle jo net, dass et zu problematesche Situatioune kënnt.)
E Schiertech an eng Toque kritt dir den Dag selwer vun eis.
KACHCONCOURS 2024
Eise Kachconcours start an säi 27. Joer.
Verbréng e flotten Dag an enger professionneller Kichen an dat mat enger professionneller Begleedung vun eise Käch. Weis wats du kanns a verbréng einfach e flotten Dag mat denge Frënn a Kolleegen a beschter Gesellschaft. Déng Ekipp besteet aus minimum 2 a maximum 3 Leit. D'Participatioun ass wéi all Joer gratis. Mell dech séier hei un |
|