Ierpeldeng
Am Kader vum Projet Noju@School ware mir am Joer 2022 zwee mol an der Ierpeldenger Primärschoul fir do verschidde Workshops mat deene Jonken aus dem Cycle 4.2 duerchzeféieren. E vun der Workshops war de „Mini-Deng-Meenung-zielt“, de jo zum Resultat bekanntlech de „perfekte Nomëtten“ huet. D’Klass huet sech fir den Atelier vum „Tshirt-DIY“ decidéiert. Sou hu mir de 21.05.2022 e kreative Nomëtteg am Jugendhaus Ettelbréck organiséiert, un deem 6 Jonker aus der Gemeng Ierpeldeng deelgeholl an hiren eegenen Tshirt designed a bedruckt hunn.
Duerno ware mir nach zwee mol an d’Grondschoul, eemol mam Ludobus an eemol fir de BeHappy Workshop unzebidden. De „Ludobus“ ass eist Spillmobil, en alen VW Bus, deen mat villen In- an Outdoorspiller ausgestatt ass. Beim BeHappy geet et drëm, den eegenen Emotiounen op de Grond ze goen: Wat mëcht mech frou? Wat mëcht mech traureg? D’Zil vun dësem Workshop ass, deene Jonken ze vermëttelen, dass et och ok ass, sech munchmol net-ok ze fillen an dass och „negativ“ Emotiounen wéi Roserei oder Trauer hir Daseinsberechtigung hunn. Ausserdeem gëtt mat deene Jonken erörtert, u ween si sech an deene Situatioune kënne wenden, sief dat u Leit aus hirem Emfeld oder op professionellem Niveau.
Och mat der Maison Relais vun Ierpeldeng hu mir de BeHappy gema an dobäi op Spiller aus dem Ludobus zréckgegraff. Déi Jonk ware ganz begeeschtert a fest entschloss, eng Visitt an eisem Ettelbrécker Jugendhaus ze maachen, déi an tëschenzäit och stattfonnt huet.