Buurschent
Am Kader vum Projet Noju@School ware mir am Joer 2022 zwee mol an der Buurschter Primärschoul fir do verschidde Workshops mat deene Jonken aus dem Cycle 4.2 duerchzeféieren. E vun der Workshops war de „Mini-Deng-Meenung-zielt“, de jo zum Resultat bekanntlech de „perfekte Nomëtten“ huet. D’Klass vum Tiana Goergen huet sech fir den Atelier vum „Tshirt-DIY“ decidéiert. Sou hu mir de 14.05.2022 e kreative Nomëtteg am Jugendhaus Dikrech organiséiert, un deem 7 Jonker aus der Buurschter Gemeng deelgeholl an hiren eegenen Tshirt designed a bedruckt hunn. Fir si war et besonneg flott, eng gemeinsam Erënnerung un hir al Primärschoulsklass ze hunn, befir si puer Méint drop an de Lycée sollte goen.
Och dat neit Joer 2023 huet mat enger Rei Aktivitéiten an der Gemeng Buurschent ugefang: Den 18. Januar hu mir den éischten „Meet&Eat“ zu Mëchela organiséiert. Wéi de Numm et seet, ass d’Zil vun dësem Projet, déi Jonk aus der Gemeng kennenzeléieren an och hinnen ze vermëttelen, ween mir sinn a wat mir maachen. Sou een Meet&Eat-Owend besteet aus Virstellungs-, a Gesellschaftspiller, engem Snack an engem Jugendforum, bei deems et drëm geet, rauszefannen, wat déi Jonk an hirer Gemeng schätzen an wat hinnen do feelt. De Meet&Eat gouf duerno nach 2x widderholl an den Outcome vun deenen Owenter war, dass déi Jonk sech een Trampolinpark zu Buurschent wënschen, respektiv kleng Trampoliner, déi an de Buedem gebaut ginn. Ob an wéi dat realisabel ass, kläre mir an deene nächsten Wochen. Bis dohin hu mir deene Jonke proposéiert, engkéier mat eis an den Trampolinpark op Féitz ze fueren, wou schlussendlech och 7 Leit matgaange sinn.
Am Mäerz ware mir dunn op e Neits an d’Grondschoul op Buurschent fir de „Noju@School“ mat dem „neien“ 6. Schouljoer duerchzeféieren. Och hei gouf e „Mini-DMZ“ ugebueden, wou alt nees rauskomm ass, dass déi Jonk an den Trampolinpark wëlle goen an duerno Wraps am Dikrecher Jugendhaus iessen. Dëse perfekte Nomëtteg wäert den 2. Mee stattfannen an am Juni ass eng Visitt vum Ludobus an der Grondschoul zu Buurschent geplangt