Bettenduerf
D’Gemeng Bettenduerf huet eis den ale Café an der Rue du Pont zu Bettenduerf zur Verfügung gestallt, mam Wonsch, zesumme mat de Jonken vu Bettenduerf nach emol Liewen an d’Raimlechkeeten ze bréngen.
Op engem klenge Jugendforum hu mir zesumme mat de Jonken hier Wënsch a Besoinen identifizéiert. Un Hand vum Outcome hunn mir dann ee flotte Programm fir déi Jonk op d’Bee gestallt an hinnen eng Plaz an hirer Gemeng , „A Place for You(th)“, kreéiert.
„A Place for You(th)“ ass eng Plaz fir Jonker, wou Jonker sech treffe, ophalen, un de verschidden Offeren deelhuelen an de Kontakt zum Jugendaarbechter siche kënnen.
Dëse Projet ass e flott Beispill, dass een net ëmmer vill brauch fir op d’Besoinen vun de Jonken ze reagéieren an dass een an all Gemeng eng Plaz fir déi Jonk fënnt.
Dëse Projet ass och fir den nationale Jugendpräiss an der Kategorie "One for everything" nominéiert.