Beefort
Am Januar 2022 hu mir eis déi éischte mat de Jonken vu Beefort getraff. Hei hu mir ee klenge Jugendforum organiséiert fir d’Besoinen vun den Jonken z‘identifizéieren. Hei war séier kloer, dass Futtball eng wichteg Roll an hirem Liewe spillt.
Vun do un hunn déi Jonk sech reegelméisseg getraff fir zum Engem eng Demande un d’Gemeng ze stellen fir den Accès fir an d‘ Sportshal ze kréien an zum Aneren hiren eegenen Futtballstournoi z‘organiséieren. Zënter hier hu mir eis all Donneschden mat de Jonken getraff. Sie hunn zesumme Futtball gespillt an hiren Tournoi organiséiert, deen am Oktober 2022 stattfonnt huet an mat 50 Participanten a Visiteuren ee groussen Erfolleg war.
Duerch dëse Projet konnt net nëmmen de Sozaialraum an der Gemeng vun de Jonken verbessert ginn, mee si konnten verschidde Kompetenzen weiderentwéckelen an nei Kompetenzen un sech entdecken. Duerch de Projet krute si ausserdeem ee bessert Verständnis vum Fonctionement vun der Gemeng.