1 Sozialpädagog
D’Nordstadjugend a.s.b.l. stellt an:
1 Sozialpädagog C6 (m/w/d) 35-40 St/W CDD fir de regionale Jugendservice
Ab direkt oder no Ofsprooch a bis den 31.12.2027 mat Aussiicht op Verlängerung CDI
Är Aufgaben:
Äre Profil:
Mir bidden:
D’Demande mat Liewenslaf, Foto an den néidegen Diplomer ass un den Här Maurice Losch, President vun der Nordstadjugend asbl.,
7, avenue de la Gare, L-9233 Diekirch ze schécken oder op [email protected], bis spéitstens de 23. Februar 2025.
Eng éischt Wiel gëtt op Basis vun den Dossiere gemaach.
1 Sozialpädagog C6 (m/w/d) 35-40 St/W CDD fir de regionale Jugendservice
Ab direkt oder no Ofsprooch a bis den 31.12.2027 mat Aussiicht op Verlängerung CDI
Är Aufgaben:
- Opsichend Jugendaarbecht an eise Gemengen
- Kontaktopnam mat Jonken, Gemengen an involvéierte Partner, souwuel regional, national wéi och international
- Ausschaffen, Organisatioun an Ausféierung vu Projeten, Aktivitéiten, Workshops a Formatioune fir Jonker
- Administrativ Ufuerderunge meeschteren (E-Mailen, Rapporten, Konzepter etc.)
- Uleedung vun Animateuren
- Identifizéiere vun de Bedürfnisser vun de Jonken
- Jonker stäerken a si an hirer Entwécklung begleeden
- Entwécklung vun neie Jugendprojeten an der Regioun
Äre Profil:
- Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung am sozio-edukative Beräich als C6
- Gutt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Kenntnisser a Sprooch a Schrëft
- Flexibel Aarbechtszäiten, zum Deel och samsdes schaffen
- Kreativ, innovativ, pro-aktiv
- Autonom an am Team schaffen
- Gudden Ëmgang mat Jonken
- Verständnis fir d’Realitéit vun de Jonken
- E Sënn fir Struktur, Organisatioun, Improvisatioun an Zäitmanagement
- Vertrieder vun de Jonken hire Bedierfnisser op politeschem a gesellschaftleche Niveau
- Führerschäin vun der Kategorie B mat manueller Schaltung
Mir bidden:
- Dës Plaz gesäit ee 35 bis 40 St/W. Aarbechtskontrakt vir
- De Kontrakt ass op begrenzten Zäit bis den 31.12.2027 mat Aussiicht op Verlängerung CDI.
- Et ass ab direkt oder no Ofsprooch.
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag