1 Sozialpädagog (m/w/d) 25 St/Woch - CDD
vum 15.08.2023 bis den 31.08.2024 fir de Poste vum Responsaablen am Dikricher Jugendhaus
Deng Aufgaben
Däi Profil
Mir bidden:
D’Demande mat Liewenslaf, Foto an den néidegen Diplomer ass un den
Här Maurice Losch,
President vun der Nordstadjugend a.s.b.l.,
7, avenue de la Gare,
L-9233 Diekirch
ze schécke bis spéitstens de 12. Mee 2023
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vun den Dossiere gemaach.
Deng Aufgaben
- Leedung vum Jugendhaus
- Pädagogesch Mataarbechter féieren a begleeden
- Kontaktopnam mat Jonken, Gemengen an involvéierte Partner
- Ausschaffen, Organisatioun an Encadrement vu Projeten, Aktivitéiten a Workshops
- Opsichend Jugendaarbecht
- Bedeelegung u Workshops an Zesummenaarbecht mam Regionale Jugendservice vun der Nordstadjugend
- Administrativ Ufuerderungen meeschteren (E-Mailen, Rapporten, Konzepter etc.)
- Identifizéiere vun de Bedürfnisser vun de Jonken
- Jonker stäerken a si an hirer Entwécklung begleeden
Däi Profil
- Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung mat Minimum Niveau Bac+3 am sozio-edukative Beräich
- Gutt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Kenntnisser a Sprooch a Schrëft
- Flexibel Aarbechtszäiten
- Kreativ, innovativ, pro-aktiv
- Autonom an am Team schaffen
- Gudden Ëmgang mat Jonken
- Kommunikatiounsfähegkeet an Empathie
- Verständnis fir d’Realitéit vun de Jonken
- E Sënn fir Struktur, Organisatioun, Improvisatioun an Zäitmanagement
- Onbedéngt noutwendeg ass de Fürerschäin vun der Kategorie B mat manueller Schaltung
Mir bidden:
- En interessant, usprochsvollt an ofwiesslungsreicht Aufgabegebidd
- En Aarbechtskontrakt 25 St/Woch
- De Kontrakt ass op begrenzten Zäit CDD vum 15.08.2023 bis den 31.08.2024
- Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
D’Demande mat Liewenslaf, Foto an den néidegen Diplomer ass un den
Här Maurice Losch,
President vun der Nordstadjugend a.s.b.l.,
7, avenue de la Gare,
L-9233 Diekirch
ze schécke bis spéitstens de 12. Mee 2023
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vun den Dossiere gemaach.