Japan callin'
Japan bitt eng vilfälteg an eenzegaarteg Kultur, gepräägt duerch hir Popkultur, modern Technologien an hir Joerhonnerten alen Traditiounen. Eng Rees an esou ee Land ass deemno eng Beräicherung fir déi perséinlech Entwécklung. An och wa vill Jonker schonn hir Begeeschterung fir d’Heemecht vun de Samurai an de berüümten Sakura-Beem fonnt hunn, ass et deene meeschten allerdéngs net méiglech och dohinner ze reesen.
Duerch déi alldeeglech Aarbecht mat de Jonken, konnt schnell de Wonsch vun sou enger Rees identifizéiert ginn. D’Nordtsadjugend an Elisabeth Jeunesse hunn doropper hin de Projet „Japan callin“ zesummen ausgeschafft.
Bei deem Projet wäerten déi Jonk sech iwwert ee Joer a reegelméissegen Ofstänn, dat heescht all 4-6 Wochen treffe fir gemeinsam hir Rees ze plangen. Dës Treffe kënnen sou wuel kleng Treffe vun puer Stonnen sinn, esou wéi och ee Weekend mat Iwwernuechtung.
Follgend Punkte stinn hei am Fokus:
· D‘ Grupp stäerken
· Teambuildingaktivitéiten
· Sech géigesäiteg kenne léieren
· Planung an Organisatioun vun der Rees
· Finanzéierung vun der Rees
· Aktivitéite fir de Finanzement
· Demande schreiwen
· Japanesch Kultur
· IKIGAI
· reegelméisseg Rapporten
Datumer:
· Infoversammlung:
· Donneschden, den 13.02.2025 vun 18:00 bis 19:00 am Jugendinfopunkt zu Ettelbréck (24-26, rue Prince Henri, L-9047 Ettelbréck)
· Freiden, de 14.02.2025 vun 18:00-19:00 am Jugendhaus Housen (12, Kräizgaass, L-9807 Housen)
· 1.Treffen:
Freiden, de 7.03 (19:00) bis Sonnden, den 9.03 (12:00) am Youthhostel Larochette (45 Osterbour, L-7622 Larochette)
Weider Informatioune komme reegelméisseg no.